Organisatioun

Eier mir de Cours ufänken, kucke mir matt Iech, wat Dir braucht a maachen en Astufungstest. Um Enn vun all Cours maache mir en Ofschlosstest fir de Fortschrëtt ze dokumentéieren.

Haut buchen - muer ufänken!

➤ am Allgemenge brauche mir just een Dag, fir Äre Cours ze organiséieren

Coursen, sou wéi et Iech passt!

➤ mir bidde Coursen an Ärer Firma, bei Iech doheem oder an eiser Schoul

➤ Dir bestëmmt d'Wochendeeg, d'Auerzäit, d'Frequenz an d'Dauer vum Cours

➤ Dir entscheet, wéi laang den Unterrecht dauert (60 Minutten, 75 Minutten, 90 Minutten, asw)

Mir versprieche Flexibilitéit!

➤ sollt Dir e Cours ofsoe mussen oder d'Dauer vum Unterrecht kierze wëllen, informéiert eis einfach een Dag am Viraus fir de Rendez-Vous ze verleeën

➤ huet Ären Zäitplang geännert an Dir géingt gär d'Deeg oder d'Auerzäiten änneren: schwätzt matt eis, mir wärten alles maachen, wat méiglech ass fir Äre Wënsch sou séier a gutt ewéi méiglech nozekommen

© 2015 - Language Enterprises S.à.r.l. - 84, route d'Arlon - L-1150 Luxembourg